Eisen Orchester

HME

VISITEKAART

Eisen Orchester ass ee vun deenen am längst bestoenden an der Regioun. Am Moment huet den engagéierten a talentéierten Daniel Heuschen d‘ musikalesch Leedung. Mir si Vertrieder vun der sinfonischer Blosmusek a presentéieren eisem Publikum mat Hëllef vun eisem Dirigent en ofwiesslungsräichen an usprochsvolle Programm.

Wärend eiser musikalescher Saison mat Cortègen, Prozessiounen an offiziellen Optrëtter prouwe mir Dënschdes- a Freidegowes, wéi och heiansdo Weekends. Highlighte vun eiser Saison sinn de „Neijaouersconcert“, de „Music Open“, wéi och mëttlerweil den Iechternacher Festival, wou mir houfreg den Optakt duerstellen.

3 Traditiounen

Eis grouss alljäerlech Evenementer

Neijaouersconcert

Den éischte Januarweekend ginn d’ Diere vum Trifolion zu Iechternach opgemaach fir eisen Neijoerschconcert, dee mir zwee mol spillen – eemol Samschdes Owes an eemol Sonndes Mëttes.

Music Open

Am Summer steet de Music Open um Programm. Péngschtsamschdes gëtt am Trifolion ee Gemeinschaftsconcert mat engem aneren Orchester gespillt.

Sprangprozessioun

Di wahrscheinlech wichtegst Traditioun zu Iechternach ass d’Sprangprozessioun. Zënter 2010 ass si Deel vum Immaterielle Kulturierwen. Natierlech ass och d’HME all Joer mat dobäi.

direktioun

Leit déi eise Veräin zesummen halen

Den Daniel Heuschen ass 1967 am Oste vun der Belsch gebuer a gehéiert zu den aktiivsten Dirigenten an eiser Regioun. ​Mat 7 Joer huet hien seng musikalesch Carrière an engem Harmonieorchester ugefaangen, deen deemools vu sengem Papp geleet ginn ass.

weider Info…

Comité

THEISEN Fernand – Präsident an Trésorier
NOCKELS Caroline – Vizepräsidentin
WELTER Michelle – Sécrétaire
KOCH Diane
WELTER Guy
DIEDENHOFEN Christiane
DEMUTH Jean-Paul
FRANZ Alissa
BRAUN Julie

De Pol Welter ass Tubist a Saxophonist an der Harmonie Municipale Echternach an dirigéiert säit 2016 de Musikverein „Jugendecho“ Alsdorf (www.mv-alsdorf.de).

Den Orchester

Eis Museker

Flütten

Sylvie WEIZ, Danielle DIEDERICH, Julie WEBER, Larissa SCHILLING, Julie BRAUN, Stefanie ZENNER, Laura SAUBER, Chantal KOCH, (Diana BORGES), Daniel HEUSCHEN

Hautbois

Garry DE JONG, Jean FUSSHOELLER, Gaby BOUHLEL

SaxophoneN

Serge CECCON, Hubert SAUBER, Alissa FRANZ, Nathalie WIES, Isabelle SCHILLING, Claude SCHMIT, Ida KERSCHENMEYER, Philippe RIES, Jonas HECK, Thomas SANDER

Klarinetten

Fernand THEISEN, Katharina FREUNDT, Guy WELTER, Katrin HAGEN, Michelle WELTER, Marco JAUCHEM, Gilles EIFFES, Emile BOHNENBERGER, Chantal THEISEN, Monique HOFFMANN, Lara PROST, Charline WERDEL, Claire JAUCHEM, Lily JOOSEN, Nora KUFFER, Hannah WERDEL, (Caroline WIES, Pierrette BREDIMUS, Serge SCHMIT)

Coren

Vinicio ASCANI, Fränk ADAMS, Johannes ZENNER, Christophe CHOQUE

Fagott

Diane KOCH, Alex BRAAS

Trompetten

Caroline NOCKELS, Christiane DIEDENHOFEN, Lucien NIEDERWEIS, Danielle MEYERS, Catherine KRACK, Jérôme BRUCK, Raymond NOCKELS, Christian GROSCH, Kim MENNICKEN

Trombonnen

Francis WEYRICH, Lukas ZENDER, Charel BRAUN, Jean-Paul DEMUTH

Tuba

Pol WELTER, Emile STEINMETZ, Georges CALTEUX, Tanja SILCHER, Nico DELHEZ

Euphonium

Mike NIEDERWEIS, (Tim HOFFMANN, Fränk EIFFES)

Percussioun

Gilles SAUBER, Sebastian PESCH, David HOFFMANN, Luca NANNA, Marcel RICHARDS, David BUSCHMANN, Tobias GEHLHAUSEN

Historescht

Eng kuerz Aféierung an d'Geschicht vun der Iechternacher Stadmusik

Eise Veräin ass 1872 als Staadkapell gegrënnt ginn an huet duerch engagéiert an ambitiéis Dirigenten wéi dem Max Menager, Albert Wirtz a spéider dem Armand Forthoffer sech zu engem Harmonieorchester weiderentwéckelt. Sou hu mir de Wee bei d‘ sinfonesch Blosmusek fonnt. Eise mëttlerweil 70 Museker staarken Orchester ass ëmmer beméit, de Repertoire ze erweideren an de Klangkierper ze formen.

D‘ Zesummesinn an d‘ Gemeinschaft an eisem Veräin solle nieft der Musek  ze kuerz kommen a sou ginn divers Ausflich, Iessen an och Concertsreesennet organiséiert. Déi jonk Generatioun musizéiert bei eisem Jugendorchester, dem „HarMunEch Hämelmaousbléiser“. Hei kënnen si ënnert der Leedung vum Dirigent Sebastian Pesch hir éischt Schrëtt an engem Orchester maachen.
Mir wëllen natierlech och eisem Publikum aussergewéinlech Evenementer bidden an organiséieren dowéinst geleeëntlech Concerten mat „special Guests“ oder nëtze gären déi besonnesch, Iechternacher Kulissen.

Hei e puer Beispiller:

  • „Parkopoly“ mat dem Iechternacher Park als herrlech Kuliss (2006)
  • „Les Concerts de l’Orangerie“: Hei hu mir Iech an de wonnerschéine Gaart vun der Orangerie op e speziellen Concert agelueden (2007)
  • „Son et Lumière“: Am Juli hu mir déi mëttelalterlech Maartplaz an Szen gesat (2009)
  • Mir lueden zwee weltberühmt Orchester an déi zesummen am Trifolion optrieden. D‘ Harmonie St. Michael Thorn aus Holland an d‘ Koniinklijke Harmonie Sainte Cécile Eisjden och aus Holland (2011)
  • Mir féieren dat beandrockend Wierk „Carmina Burana“ vum Carl Orff mat Chouer an 3 fantasteschen Solisten op (2012)
  • Mir eröffnen den Iechternacher Musikfestival a begleeden hei den renomméierten Pianist Cyprien Katsaris. Mir presentéieren ënner anerem den Beethoven Concerto fir Piano an Orchester Nr 3, op37, c Moll, an engem Arrangement vun eisem Dirigent Daniel Heuschen (2012)

Wann Dir méi iwwer eis Geschicht wësse wëllt, klickt hei