HarMunEch Hämelmaousbléiser​

HHB

VISITEKAART

Am Joer 2000 ass eise Jugendorchester gegrënnt ginn. Mat dësem Orchester wëlle mir jonke Musikanten d’ Méiglechkeet gi fir fréi mat Instrumenter aus anere Regëster zesummen ze spillen an esou hiert Orchestergehéier ze trainéieren. Ausserdeem mécht dat gemeinsamt Musizéieren an enger grousser Grupp vill Spaass an erhält d’ Freed um Musizéieren op laang Zäit.

Am Moment gëtt dësen Orchester vum Robin Moll geleet. Mat him zesumme prouwen d‘ HarMunEch Hämelmaousbléiser (HHB) gewëssenhaft hir ofwiesslungsräich Stécker.

Mir prouwen ëmmer Freides nomëttes vun 16.30 – 18.00 am HME Sall um drëtte Stack vun der Iechternacher Museksschoul.

MATSPILLen

Mir freeën eis ëmmer iwwer nei Gesiichter. Komm einfach laanscht an eng Prouf oder mëll Dech bei eis.

Och wann s Du räicht viru Kuerzem deng Begeeschterung fir d’ Musek entdeckt hues, fanne mir bestëmmt eng flott Stëmm fir Dech. All musikalesch Ënnerstëtzung freet eis.

Aussermusekalesch AktivitEiten

Et gëtt bei eis net nëmme geprouft. Mir hunn och ouni eis Instrumenter Freed mateneen.

Um Ënn vun der Saison gi mir zBsp Grillen, Kanu fueren, an de Kloterpark, Beachvolleyball spillen…fir eisen Asatz an Usatz ze belounen.

Prouwen

Hei gëtt zesummen un engem Strang gezunn an jiddwer eenzelen wiisst iwwert sech hinaus. D’Spillen an engem Orchester hëlleft engem laang Freed u sengem Instrument ze hunn a wäertvoll Erfarung ze sammelen.

Mir maachen e puer Concerten an der Saison, wou mir der Welt houfreg eise flotte Programm presentéieren. E puer Bespiller: Chrëschtmaart, Fête de la Musique… Mir sinn awer och well am Ausland engagéiert ginn.

Stage

D´HHB organiséiert reegelméisseg e flotte Stage. Hei spille mir mat engem aanere Jugendorchester zesummen. A kréien sou, wärend enger Woch, d’Méiglechkeet vill léif nei Leit kennen ze léieren an an engem richteg groussen Orchester ze musizéieren.

Eng Rei vun eis maachen och beim OJE mat, dem Orchestre de Jeunes de l’Est, e Stage, deen déi jonk Musikanten aus dem Kanton zesumme bréngt.

Eisen Dirigent vum Jugendorchester

Robin Moll

E flotten Androck vun eisem neie Dirigent kënnt dir an eisem “Léiwe Kleeschen” vun 2020 op YouTube kréien.

News vum Jugendorchester och op Facebook