Eisen Orchester
HME
VISITEKAART
D’Harmonie Municipale Echternach ass eng vun den eelsten an eiser Regioun, erfëllt awer bis haut eng wichteg kulturell Roll. Säit Oktober 2022 huet den Tim Kleren d’musikalesch Leedung vun eisem sinfonesche Blasorchester.
Wärend eiser musikalescher Saison mat Cortègen, Prozessiounen an offiziellen Optrëtter prouwe mir Dënschdes- a Freidegowes, wéi och heiansdo Weekends. Highlighte vun eiser Saison sinn de „Neijaouersconcert“, de „Music Open“, wéi och mëttlerweil den Iechternacher Festival, wou mir houfreg den Optakt duerstellen.
3 Traditiounen
Eis grouss alljäerlech Evenementer
Neijaouersconcert
Den éischte Januarweekend ginn d’ Diere vum Trifolion zu Iechternach opgemaach fir eisen Neijoerschconcert, dee mir zwee mol spillen – eemol Samschdes Owes an eemol Sonndes Mëttes. Eise Programm verbënnt klassesch sinfonesch Musek mat moderner Ënnerhalungsmusek.
Music Open
Am Summer steet de Music Open um Programm. Péngschtsamschdes gëtt am Trifolion ee Gemeinschaftsconcert mat engem aneren Orchester gespillt. An dësem Kader iwwerrasche mir gär eise Publikum.
Sprangprozessioun
Di wahrscheinlech wichtegst Traditioun zu Iechternach ass d’Sprangprozessioun. Zënter 2010 ass si Deel vum Immaterielle Kulturierwen. Natierlech ass och d’HME all Joer mat dobäi.
direktioun
Leit déi eise Veräin zesummen halen
Comité
(Foto net aktuell)
DIEDENHOFEN Christiane – Präsidentin
OSWEILER Ronny – Vizepräsident
BRAUN Julie – Sécrétaire an Trésorier
NOCKELS Caroline
FRANZ Alissa
De Pol Welter ass Tubist a Saxophonist an der Harmonie Municipale Echternach an dirigéiert säit 2016 de Musikverein „Jugendecho“ Alsdorf.
Den Orchester
Eis Museker
Flütten
Diana BORGES, Laura SAUBER, Julie WEBER, Julie BRAUN, Larissa SCHILLING, Stefanie ZENNER, Danielle DIEDERICH, Chantal KOCH, Sylvie WEIZ
Hautbois
Garry DE JONG, Jean FUSSHOELLER, Gaby BOUHLEL
Fagott
Diane KOCH, Alex BRAAS
Klarinetten
Monique HOFFMANN, Serge SCHMIT, Caroline WIES, Chantal THEISEN, Michelle WELTER, Katharina FREUNDT, Pierrette BREDIMUS, Rachel WERNÉ, Emile BOHNENBERGER, Guy WELTER, Gilles EIFFES, Marco JAUCHEM, Claire JAUCHEM, Lara PROST, Lily JOOSEN, Hannah WERDEL, Charline WERDEL, Fernand THEISEN
Saxophonen
Serge CECCON, Hubert SAUBER, Alissa FRANZ, Nathalie WIES, Isabelle SCHILLING, Claude SCHMIT, Ida KERSCHENMEYER, Philippe RIES, Jonas HECK, Thomas SANDER; nicht auf dem Foto: Pauline WEIS
coren
Vinicio ASCANI, Fränk ADAMS, (Johannes ZENNER, Christophe CHOQUE)
Trompetten
Caroline NOCKELS, Christiane DIEDENHOFEN, Lucien NIEDERWEIS, Danielle MEYERS, Catherine KRACK, Jérôme BRUCK, Raymond NOCKELS, Christian GROSCH, Kim MENNICKEN
Trombonnen
Francis WEYRICH, Lukas ZENDER, Charel BRAUN, Jean-Paul DEMUTH
Tuba
(Tanja SILCHER), Jerry BERTEMES, Georges CALTEUX, Emile STEINMETZ, Nico DELHEZ, Pol WELTER
Euphonium
Tim HOFFMANN, Mike NIEDERWEIS
Percussioun
Gilles SAUBER, Sebastian PESCH, (David HOFFMANN), Luca NANNA, (Marcel RICHARDS, David BUSCHMANN, Tobias GEHLHAUSEN); nët op der Foto: René LAHR
Fotoen
Eis Fotographen
Pierre WEBER an Mike NIEDERWEIS
Historescht
Eng kuerz Aféierung an d'Geschicht vun der Iechternacher Stadmusik
Eise Veräin ass 1872 als Staadkapell gegrënnt ginn an huet duerch engagéiert an ambitiéis Dirigenten wéi dem Max Menager, Albert Wirtz a spéider dem Armand Forthoffer sech zu engem Harmonieorchester weiderentwéckelt. Sou hu mir de Wee bei d‘ sinfonesch Blosmusek fonnt. Eise mëttlerweil 70 Museker staarken Orchester ass ëmmer beméit, de Repertoire ze erweideren an de Klangkierper ze formen.
D‘ Zesummesinn an d‘ Gemeinschaft an eisem Veräin solle nieft der Musek nët ze kuerz kommen a sou ginn divers Ausflich, Iessen an och Concertsreesen organiséiert. Déi jonk Generatioun gëtt an eisem Jugendorchester, dem „HarMunEch Hämelmaousbléiser“ gefërdert. Hei kënnen si ënnert der Leedung vum Dirigent Sebastian Pesch hir éischt Schrëtt an engem Orchester maachen.
Mir wëllen natierlech och eisem Publikum aussergewéinlech Evenementer bidden an organiséieren dowéinst geleeëntlech Concerten mat „special Guests“ oder nëtze déi besonnesch, Iechternacher Kulissen.