Eisen Orchester

HME

VISITEKAART


D’Harmonie Municipale Echternach ass eng vun den eelsten an eiser Regioun, erfëllt awer bis haut eng wichteg kulturell Roll. Säit Oktober 2022 huet den Tim Kleren d’musikalesch Leedung  vun eisem sinfonesche Blasorchester.

Wärend eiser musikalescher Saison mat Cortègen, Prozessiounen an offiziellen Optrëtter prouwe mir Dënschdes- a Freidegowes, wéi och heiansdo Weekends. Highlighte vun eiser Saison sinn de „Neijaouersconcert“, de „Music Open“, wéi och mëttlerweil den Iechternacher Festival, wou mir houfreg den Optakt duerstellen.

3 Traditiounen

Eis grouss alljäerlech Evenementer

Neijaouersconcert

Den éischte Januarweekend ginn d’ Diere vum Trifolion zu Iechternach opgemaach fir eisen Neijoerschconcert, dee mir zwee mol spillen – eemol Samschdes Owes an eemol Sonndes Mëttes. Eise Programm verbënnt klassesch sinfonesch Musek mat moderner Ënnerhalungsmusek.

Music Open

Am Summer steet de Music Open um Programm. Péngschtsamschdes gëtt am Trifolion ee Gemeinschaftsconcert mat engem aneren Orchester gespillt. An dësem Kader iwwerrasche mir gär eise Publikum.

Sprangprozessioun

Di wahrscheinlech wichtegst Traditioun zu Iechternach ass d’Sprangprozessioun. Zënter 2010 ass si Deel vum Immaterielle Kulturierwen. Natierlech ass och d’HME all Joer mat dobäi.

direktioun

Leit déi eise Veräin zesummen halen

Comité_2

Comité

(Foto net aktuell)

DIEDENHOFEN Christiane – Präsidentin
OSWEILER Ronny – Vizepräsident
BRAUN Julie – Sécrétaire an Trésorier
NOCKELS Caroline
FRANZ Alissa

De Pol Welter ass Tubist a Saxophonist an der Harmonie Municipale Echternach an dirigéiert säit 2016 de Musikverein „Jugendecho“ Alsdorf.

Den Orchester

Eis Museker

Flütten

Diana BORGES, Laura SAUBER, Julie WEBER, Julie BRAUN, Larissa SCHILLING, Stefanie ZENNER, Danielle DIEDERICH, Chantal KOCH, Sylvie WEIZ

Hautbois

Garry DE JONG, Jean FUSSHOELLER, Gaby BOUHLEL

Fagott

Diane KOCH, Alex BRAAS

Klarinetten

Monique HOFFMANN, Serge SCHMIT, Caroline WIES, Chantal THEISEN, Michelle WELTER, Katharina FREUNDT, Pierrette BREDIMUS, Rachel WERNÉ, Emile BOHNENBERGER, Guy WELTER, Gilles EIFFES, Marco JAUCHEM, Claire JAUCHEM, Lara PROST, Lily JOOSEN, Hannah WERDEL, Charline WERDEL, Fernand THEISEN

Saxophonen

Serge CECCON, Hubert SAUBER, Alissa FRANZ, Nathalie WIES, Isabelle SCHILLING, Claude SCHMIT, Ida KERSCHENMEYER, Philippe RIES, Jonas HECK, Thomas SANDER; nicht auf dem Foto: Pauline WEIS

coren

Vinicio ASCANI, Fränk ADAMS, (Johannes ZENNER, Christophe CHOQUE)

Trompetten

Caroline NOCKELS, Christiane DIEDENHOFEN, Lucien NIEDERWEIS, Danielle MEYERS, Catherine KRACK, Jérôme BRUCK, Raymond NOCKELS, Christian GROSCH, Kim MENNICKEN

Trombonnen

Francis WEYRICH, Lukas ZENDER, Charel BRAUN, Jean-Paul DEMUTH

Tuba

(Tanja SILCHER), Jerry BERTEMES, Georges CALTEUX, Emile STEINMETZ, Nico DELHEZ, Pol WELTER

Euphonium

Tim HOFFMANN, Mike NIEDERWEIS

Percussioun

Gilles SAUBER, Sebastian PESCH, (David HOFFMANN), Luca NANNA, (Marcel RICHARDS, David BUSCHMANN, Tobias GEHLHAUSEN); nët op der Foto: René LAHR

 

Fotoen

Eis Fotographen

Pierre WEBER an Mike NIEDERWEIS

Historescht

Eng kuerz Aféierung an d'Geschicht vun der Iechternacher Stadmusik

Eise Veräin ass 1872 als Staadkapell gegrënnt ginn an huet duerch engagéiert an ambitiéis Dirigenten wéi dem Max Menager, Albert Wirtz a spéider dem Armand Forthoffer sech zu engem Harmonieorchester weiderentwéckelt. Sou hu mir de Wee bei d‘ sinfonesch Blosmusek fonnt. Eise mëttlerweil 70 Museker staarken Orchester ass ëmmer beméit, de Repertoire ze erweideren an de Klangkierper ze formen.

D‘ Zesummesinn an d‘ Gemeinschaft an eisem Veräin solle nieft der Musek  nët ze kuerz kommen a sou ginn divers Ausflich, Iessen an och Concertsreesen organiséiert. Déi jonk Generatioun gëtt an eisem Jugendorchester, dem „HarMunEch Hämelmaousbléiser“ gefërdert. Hei kënnen si ënnert der Leedung vum Dirigent Sebastian Pesch hir éischt Schrëtt an engem Orchester maachen.

Mir wëllen natierlech och eisem Publikum aussergewéinlech Evenementer bidden an organiséieren dowéinst geleeëntlech Concerten mat „special Guests“ oder nëtze déi besonnesch, Iechternacher Kulissen.

Wann Dir méi iwwer eis Geschicht wësse wëllt, klickt hei