Eisen Dirigent

Eise Chef

Daniel Heuschen

Den Daniel Heuschen ass 1967 am Oste vun der Belsch gebuer a gehéiert zu den aktiivsten Dirigenten an eiser Regioun. Mat 7 Joer huet hien seng musikalesch Carrière op der Klarinett an engem Harmonieorchester ugefaangen, deen deemools vu sengem Papp geleet ginn ass.

Spéider huet hien seng Studien a Museksschoulen, bei renomméierte Museker aus der Euregio an am Conservatoire zu Maastricht (NL) weidergefouert. Hei huet hien en excellenten Ofschloss am Fach “Orchesterleedung” gemaach.

Säi Kënnen huet hie spéider mat Hëllef vun internationale Mastercourse bei Museker wéi Heinz Friesen (NL), Jan Cober (NL), Jo Conjaerts (NL), Piet Jeegers (NL), Nobert Nozy (B), Walter Boeykens (B), Dieter Klöcker (D) a Jerry Junkin (USA) ausgebaut.

Mat 16 Joer huet hie well Ensembelen dirigéiert, war awer gläichzäiteg och a villen Orchesteren an Däitschland, Holland an och an der Belsch aktiv. Hien huet als Solist well oft Erfolleg op verschiddenen internationale Concourse gehat, mee huet awer och well als Dirigent ofgeraumt. Beim „Deutschen Musikfest“ huet hien mat „Ausgezeichnet“ de „Meistertitel 1994“ gewonnen a krut 98 vun 100 Punkten. Beim „World Music Contest“ zu Kerkrade (NL) huet hien sech 1997 den 1. Präis erdirigéiert an sech 2017 d‘Goldmedaille mam Sinfonischen Blasorchester Bitburg-Prüm erschafft.

Den Daniel Heuschen ass ausserdeem ee passionéierte Komponist an Arrangeur. Hien huet well wäit méi wéi 50 Arrangementer a Kompositioune fir Orchester an Ensembel geschriwwen.

Säit 2001 huet den Daniel Heuschen bei der Harmonie Municipale Iechternach den Dirigentebengel an der Hand. Et gëtt awer och nach wieder Orchester déi him d‘Leedung uvertraut hunn, zurzäit de Musikverein “Lyra” Irrel an d‘Bech-Berbuerger Musek.