Eisen Dirigent

Eise Chef

Tim Kleren

Den Tim Kleren (Joërgang 1982), ass ee Perkussionist, Batteur, Chargé de musique, Dirigent a Komponist aus Lëtzebuerg.

Ugefaangen huet seng musikalesch Ausbildung an der Péitenger Museksschoul, am Escher Conservatoire a spéiderhin och am Stater Conservatoire. Proffen ewéi: Paul Mootz, Serge Kettenmeyer, Alain Ginter, Carlo Jans oder Marco Pütz hunn hien op sengem Wee begleet.

Nieft senger professioneller Instrumentalausbildung och zu Maastricht, (mat de Proffe Werner Otten a Peter Janssen, Ron van Statum), an den obligatoreschen Niewefächer (ënnert anerem mam: Jan Ezendam, Rik Bastiaens an Här Hendrix)  huet hien sech och an der Orchesterdirektioun ënnert der Leedung vum renomméierte Prof. Jan Cober weidergebilt.

Hien konnt 2014 säi Bachelor, respektiv 2016 säin Master-Diplom an der Harmonie-Fanfare-Brassband Direktioun (Hafabra-directie) mat bravur ofschléissen.

Wärend senger Studienzäit, hat hien och d’Chance, en Abléck, an den zäitgenëssesche Kompositiounscours vum Komponist a Professer Robert HP. Platz, ze kréien. An dësem Kader hat hien d‘Méiglechkeet  mam dem “Ensemble 88” vu Maastricht zesummenzeschaffen.

Nieft sengem Haaptberuff als Militärmuseker gëtt hien och Batteri- an Percussionscoursen.

2006 huet den Tim Kleren, nodeems hien déi musikalesch Leitung vun sengem éischten Orchester iwwerholl hat an keen passend Wierk fir des Besetzung fonnt huet, säin éischt Wierk fir Orchester geschriwwen. Säitdeem schafft hien mat verschidden auslänneschen Verleeën ewéi Bronsheimmusic, Starmusicpublishing an Sonolize zesummen. Säitdeem huet hien méi ewéi 40 Stécker fir Ensembel, Fanfare, Brass Band an Bloosorchester komponéiert.

Ënnert anerem gi seng Wierker och professionell, zu Lëtzebuerg (Militärmusek), an der Belsch (Force Aérienne), Holland (EUYWO, Fanfare de Hoop-Stellendam), Däitschland, Portugal, Singapur (Air Force Band) an elo och zu Tokyo (Air Force Band) gespillt.

An der Orchesterleedung konnt hien bis elo Erfarung ënnert anerem bei der Société Philharmonique Larochette, der Greiveldénger Musik, der Ouljer Musik (interim), der Berdorfer Musik (interim),der Foulschter Musik (2012-2019), der Musek Concordia Rosport (2010-2022) an der Menster Musek (2019-haut) sammelen.

Och am Ausland ass hien als Gaaschtdirigent an Komponist aktiv. Ënnert aanerem säit 2016 beim EVEA-Orchester. Ausserdeem war hien 2019 Gaaschtdirigent bei der “Banda Musical São Martinho” vu Valongo a Portugal.